Helene (Mound)
Saturnmound Helene virum Saturn. Foto vun der Raumsond Cassini-Huygens. | |
Provisoresch oder systematesch Bezeechung | S/1980 S 6 |
---|---|
Zentralkierper | Saturn |
Eegenschafte vum Orbit | |
Grouss Hallefachs | 377.420 km |
Periapsis | 374.740 km |
Apoapsis | 380.100 km |
Exzentrizitéit | 0,0071 |
Ëmlafzäit | 2,737 Deeg |
Ëmlafvitess | 10,03 km/s |
Inklinatioun | 0,21° |
Physikalesch Donnéeën | |
Mëttleren Duerchmiesser | (35,2 ± 0,4) km |
Dicht | ≈ 0,5 g/cm3 |
Gravitatioun op der Uewerfläch | ? m/s2 |
Albedo | 0,6 |
Visuell Magnitude (mag) | 18,4 |
Entdeckung | |
Entdecker |
Pierre Laques Jean Lecacheux |
Entdeckungsdatum | 1. Mäerz 1980 |
Den Helene (oder Saturn XII) ass e klenge Mound vum Planéit Saturn.
Entdeckung
[änneren | Quelltext änneren]Den Helene gouf den 1. Mäerz 1980 vun den Astronome Pierre Laques a Jean Lecacheux am Observatoire vum Pic du Midi de Bigorre an de franséische Pyrenäen entdeckt. Den Mound krut ufanks déi virleefeg Bezeechnung S/ 1980 S 6. 1988 gouf de Mound offiziell no der Helena vun Troja genannt, engem Kandskand vum Kronos, deen an der réimescher Mythologie dem Saturn entsprécht.[1]
Bunndaten
[änneren | Quelltext änneren]Den Helene kreest op enger mëttlerer Distanz vun 377.420 km, a 65 Stonnen an 41 Minutten eemol ëm de Saturn. D'Bunn huet eng Exzentrizitéit vun 0,0071 a steet 0,21° schréi zum Equatorplang vum Saturn.
Hien ass ee vun zwéi klenge Mounden op der Bunn vum grousse Mound Dione. Den Helene leeft dem Dione op engem Wénkelofstand vu 60° um Lagrangepunkt L4 viraus. Um nächste Lagrangepunkt L5 leeft de Mound Polydeuces dem Mound Dione op engem Wénkelofstand vu 60° hannendrun.
Ier de Mound säin offiziellen Numm krut, gouf den Helene als „Dione B“ bezeechent.
Opbau a physikalesch Daten
[änneren | Quelltext änneren]De Mound Helene ass en onreegelméissege Kierper mat enger Gréisst vu 36 × 32 × 30 km. Seng kleng Dicht vun 0,5 g/cm3 weist drop hin, datt hien haaptsächlech aus Waasseräis a klengen Deeler vu silikateschem Gestengs zesummegesat ass.
Den Helene rotéiert a 65 Stonnen an 41 Minutten ëm seng eegen Achs an huet wéi den Äerdmound eng gebonne Rotatioun. De Mound huet eng hell Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,6, d. h., 60 % vum agestraalte Sonneliicht gi reflektéiert. Seng visuell Magnitude ass 18,4m.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Helene (Mound) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Cassini Solstice Mission: Helene Archivéiert de(n) 2014-04-21. Gekuckt de(n) 2016-12-22.